143 11.3 Zesummefassung De Saar-Lor-Lux Raum zeechnet sech durch vill Koperatiounsformen iwert d'Grenzen eraus aus. D'Zesummenschaffen vun verschiddenen Institutiounen, ewéi dTarlementer, d'Regierungen, Arbechter- verbänn an Associatiounen, ewéi och d'Kollaboratioun vun regionalen territorialen Kollectivitéiten hun verschidden Iwerschneidungen vun desem artifiziellen Raumensembel matsechbruecht. Déen actuellen Durcheneen iwert déi oneenheetlech Ofgrenzung ewéi och d'GréiBt vun desem Raum feiern bei der kon- cerneierter Populatioun zum Problem dess "Regionaliséierung" als noutgedrongen Entwecklung ze ac- ceptéieren an sech mat desem Raum ze identifizéieren. Gleichzeiteg hun sech op lokalem Plang ver- schidden kleng Ennergruppen vun Saar-Lor-Lux etabléiert wou communal territorial Kollectivitéiten versichen hir grenziwerschreitend Contacter ze verbesseren an emmer méi ze institutionaliséieren. Dess Arbecht gréift dTro op waat fir eng Kontibutioun dess verschidden transfrontaliär Koperatio- unsformen zum europäeschen Integratiounsprzeß béidroen am Vergléich zu héigeren politeschen Instan- zen. Héi gett déi Konzeptioun vun der Vernetzung vun de Stiet, déi an der euroäescher Diskussioun vum Aménagement vum Territoire eng emmer greisser Roll spillt, an senger Applicatioun um Terrain mat Hellef vun dréi konkreten Beispiller diskutéiert, Mat den Beispiller Agglomération Transfrontalière du Pôle Européen de Développement Longwy-Rodange-Athus (PED), dem Europäischen Tal der Ober- mosel an dem Saar-Rosselle-Raum ginn dréi Regiounen ennersicht, an deenen déi inter-communal trans- ffontaliär Koperatioun e relativ stark institutionaliséierten Charakter huet. D'Koperatioun an desen Géigenden aß an deenen leschten Joeren an eng immens aktiv an dynamesch Entwécklongsphase komm, déi durch di communautär Initiativ INTERREG II, awer och durch d'Amelioratiounen am nationalen an am internationalen Droit vereinfacht ginn sinn. Eng deskriptiv Analyse vun den Aktivitéiten an desen dréi Raim aß d'Base vun enger vaster Ënner- suchung vun den Avantagen an den Schwieregkeeten vun der Koperatioun. Dess Avantagen an Schwie- regkeeten sinn besonnesch am Kader vun enger Emmfro bei lokalen Akteuren op d'Tapéit komm. Héibéi erginn sech ganz verschidden Basiskonditiounen fir déi transfrontaliär Koperatioun, déi stark vum Ni- veau vun der Institutionaliséierung ofhänken. Héi spillt déi professionel Ennerstetzung vun den polite- schen Aktivitéiten, ewéi zum Beispill am Fall vum PED durch den Observatoire de TUrbanisme zu Longwy, an am Fall vum Saar-Rosselle-Raum durch den Kooperationsbüro vum Stadtverband Saar- brücken, eng grouß Roll. Héi entsünn Strukturen woü een eng zolid an kontinuell Koperatioun erwaar- den kann, sugur wann e Wiessei vun poüteschen Responsabelen a Kraaft trëtt. Dess Entwécklong bréngt eng emmer méi grouß thematesch Diversifikatioun vun den Koperatiounsberéicher mat sech. Emmer méi oft gin "schwéier" Themen, ewéi Froen iwert d'Entwécklong vun der Wunnengssituatioun, oder vu kon- kretem Emweltschutz, oder vu engem Zesummenbetreiwen vun Infrastrukturen fir transfrontaliär- interkommunal Projeen ze realiséieren. Trotz den strukturellen, juristeschen an administrativen Schwie- regkéeten profitéieren déi betraffen Platzen am noen Grenzraum vun der Existenz vun gemeinsamen (Emgangs-)Sproochen an vun kulturellen Ahnlechkeeten. Dobéi kennt eng relativ grouß Acceptanz vun de lokalen Awunner fir transfrontaliär Efforen well sech d’Resultater vun deser Koperatioun meechtens positiv op hiert eegend Liewen auswierken (ewéi z. B. d’Amelioratioun vum transfrontaliären Personen- verkéier). DTorrn an den Contenu vun deser lokaler transfrontaliärer Zesummenaarbecht weisen oft typesch Charakteristiken vun deem waat een StiedVernetzung nennt: dTréiwëllegkeet, d'Komplementärst vun den Partner an d'Schaaffen vun onconventionnellen Institutiounen déi iwert d'national Verwaltungshier- archie eraus ginn, refletéieren déi grondleegend Motivation an zwar durch d'Zesummeschaffen vun Synergieeffekten eng stark Roll am regionalen, nationalen oder e sougur internationalem Espace ver- wirklechen, od ze ereechen. Desen Fall aß och eng wertvoll Kontibutioun fir d'Iwerkommen vun den Bannengrenzen vun der Europäescher Unioun. Esou gin dess néi Raim zu Knietpunkten vum europäe- schen Inegratiounsprozeß. Si sinn Beispiller fir eng "bottom-up" Evolutioun. déi di intern Cohäsioun vun Europa méi resistent mecht an d'geigenseitegt Verstehstemech vun der Populatioun an de Grenzre- giounen amelioréiert.