143
11.3 Zesummefassung
De Saar-Lor-Lux Raum zeechnet sech durch vill Koperatiounsformen iwert d'Grenzen eraus aus.
D'Zesummenschaffen vun verschiddenen Institutiounen, ewéi dTarlementer, d'Regierungen, Arbechterverbänn
an Associatiounen, ewéi och d'Kollaboratioun vun regionalen territorialen Kollectivitéiten hun
verschidden Iwerschneidungen vun desem artifiziellen Raumensembel matsechbruecht. Déen actuellen
Durcheneen iwert déi oneenheetlech Ofgrenzung ewéi och d'GréiBt vun desem Raum feiern bei der koncerneierter
Populatioun zum Problem dess "Regionaliséierung" als noutgedrongen Entwecklung ze acceptéieren
an sech mat desem Raum ze identifizéieren. Gleichzeiteg hun sech op lokalem Plang verschidden
kleng Ennergruppen vun Saar-Lor-Lux etabléiert wou communal territorial Kollectivitéiten
versichen hir grenziwerschreitend Contacter ze verbesseren an emmer méi ze institutionaliséieren.
Dess Arbecht gréift dTro op waat fir eng Kontibutioun dess verschidden transfrontaliär Koperatiounsformen
zum europäeschen Integratiounsprzeß béidroen am Vergléich zu héigeren politeschen Instanzen.
Héi gett déi Konzeptioun vun der Vernetzung vun de Stiet, déi an der euroäescher Diskussioun vum
Aménagement vum Territoire eng emmer greisser Roll spillt, an senger Applicatioun um Terrain mat
Hellef vun dréi konkreten Beispiller diskutéiert, Mat den Beispiller Agglomération Transfrontalière du
Pôle Européen de Développement Longwy-Rodange-Athus (PED), dem Europäischen Tal der Obermosel
an dem Saar-Rosselle-Raum ginn dréi Regiounen ennersicht, an deenen déi inter-communal transffontaliär
Koperatioun e relativ stark institutionaliséierten Charakter huet. D'Koperatioun an desen
Géigenden aß an deenen leschten Joeren an eng immens aktiv an dynamesch Entwécklongsphase komm,
déi durch di communautär Initiativ INTERREG II, awer och durch d'Amelioratiounen am nationalen an
am internationalen Droit vereinfacht ginn sinn.
Eng deskriptiv Analyse vun den Aktivitéiten an desen dréi Raim aß d'Base vun enger vaster Ënnersuchung
vun den Avantagen an den Schwieregkeeten vun der Koperatioun. Dess Avantagen an Schwieregkeeten
sinn besonnesch am Kader vun enger Emmfro bei lokalen Akteuren op d'Tapéit komm. Héibéi
erginn sech ganz verschidden Basiskonditiounen fir déi transfrontaliär Koperatioun, déi stark vum Niveau
vun der Institutionaliséierung ofhänken. Héi spillt déi professionel Ennerstetzung vun den politeschen
Aktivitéiten, ewéi zum Beispill am Fall vum PED durch den Observatoire de TUrbanisme zu
Longwy, an am Fall vum Saar-Rosselle-Raum durch den Kooperationsbüro vum Stadtverband Saarbrücken,
eng grouß Roll. Héi entsünn Strukturen woü een eng zolid an kontinuell Koperatioun erwaarden
kann, sugur wann e Wiessei vun poüteschen Responsabelen a Kraaft trëtt. Dess Entwécklong bréngt
eng emmer méi grouß thematesch Diversifikatioun vun den Koperatiounsberéicher mat sech. Emmer méi
oft gin "schwéier" Themen, ewéi Froen iwert d'Entwécklong vun der Wunnengssituatioun, oder vu konkretem
Emweltschutz, oder vu engem Zesummenbetreiwen vun Infrastrukturen fir transfrontaliärinterkommunal
Projeen ze realiséieren. Trotz den strukturellen, juristeschen an administrativen Schwieregkéeten
profitéieren déi betraffen Platzen am noen Grenzraum vun der Existenz vun gemeinsamen
(Emgangs-)Sproochen an vun kulturellen Ahnlechkeeten. Dobéi kennt eng relativ grouß Acceptanz vun
de lokalen Awunner fir transfrontaliär Efforen well sech d’Resultater vun deser Koperatioun meechtens
positiv op hiert eegend Liewen auswierken (ewéi z. B. d’Amelioratioun vum transfrontaliären Personenverkéier).
DTorrn an den Contenu vun deser lokaler transfrontaliärer Zesummenaarbecht weisen oft typesch
Charakteristiken vun deem waat een StiedVernetzung nennt: dTréiwëllegkeet, d'Komplementärst vun
den Partner an d'Schaaffen vun onconventionnellen Institutiounen déi iwert d'national Verwaltungshierarchie
eraus ginn, refletéieren déi grondleegend Motivation an zwar durch d'Zesummeschaffen vun
Synergieeffekten eng stark Roll am regionalen, nationalen oder e sougur internationalem Espace verwirklechen,
od ze ereechen. Desen Fall aß och eng wertvoll Kontibutioun fir d'Iwerkommen vun den
Bannengrenzen vun der Europäescher Unioun. Esou gin dess néi Raim zu Knietpunkten vum europäeschen
Inegratiounsprozeß. Si sinn Beispiller fir eng "bottom-up" Evolutioun. déi di intern Cohäsioun
vun Europa méi resistent mecht an d'geigenseitegt Verstehstemech vun der Populatioun an de Grenzregiounen
amelioréiert.